Iwwert eis

Am Summer 2018 huet de ganze Seefewahnsinn ugefaangen. Bei enger Rees an Estland hunn mer op der Insel Saaremaa eng Koppel besicht, déi do zanter puer Joer Seefen hierstellen a verkafen. Den Här hat säi Banquier-Job geschmass fir an Estland auszewanderen an do Seefen hierzestellen. Knapps hate mer de klenge Buttek verlooss, huet de Laurent nëmmen nach vu Seefe geschwat a war fest dovunner iwwerzeegt dat eng Kéier selwer ze probéieren. 
Puer Méint méi spéit stoung hien do an huet seng éischt Seef hiergestallt: eng Salzseef. Kuerz drop hat d’Michelle ee Logo erstallt, 500 Visittekaarten drécke gelooss, ee komplizéierten Excel-Sheet an eng Instagramsäit erstallt. 

An esou ass eent bei d’anert komm: déi éischt Verkeef, déi éischt Mäert, déi éischt gréisser Bestellungen an elo dann och eisen Online-Buttek. 

Eis ass et wichteg natierlech a biologesch zertifiéiert Produite beim Hierstelle vun eise Seefen ze benotzen. Ëmmerhi sinn d’Seefen an d’Hoerseefe fir d’Kierperfleeg geduecht a wat gëtt et do Besseres wéi natierlech a gesond Inhaltsstoffer?  
Ausserdeem kann een duerch d’Benotze vu Seefestécker a fester Hoerseef ganz vill Plastik a Verpackunge vermeiden an esou eppes Guddes fir d’Ëmwelt maachen. 

Mer wënschen Iech vill Spaass a Freed mat eise Seefen. 
Michelle & Laurent